Grënnung vum Neutrale Verband Gemeng Lëtzebuerg
De Charel Jost an nach e puer Kollegen z.b de Schroeder Pierre , Bartemes Fernand, Reuland Romain, Medinger Manou, fir der nëmmen e puer ze nennen.
Jo sie haaten d’ idi fir e Verband ze grënnen dëst huet schon een 1990 ugefangen nom Austrëtt aus dem NGL a wëll mer nees geschwënn déi nächst Ausschusswaalen haaten an Leit nach den NGL am Kaap haaten koum d’Idi deemools vum Jost Charel dem NGL nach e Buchstaaf dobäi ze schreiwen den V fir Verband an et ass dunn den Numm Neutrale Verband Gemeng Lëtzebuerg ginn. De Charel deen och gutt zeechne a moole konnt huet och eise LOGO endworf mat der Stad Silhouette, dee mir haut och nach an eisem offiziellen Bréifpabeier hunn.
De JUNI 1991 war et dunn offiziell esou wait Den 1. Prësident war de Reuland Romain dës haat eng speziel Ursaach wëel de Charel net konnt direkt iwwerhuelen de Charel huet dunn spéider den President iwwerholl den 1. Sekretär war den Manou Medinger wëll och do de Schroeder Pierre net konnt direkt iwwerhuelen och hien huet dee Posten spéider iwwerholl, de Bartemes Fernand war den 1. Caissier vum NVGL ginn an hien ass op dem Posten bis 1994 bliewen.
Dunn huet de Bartemes Fernand de Presidente Posten vum Jost Charel iwwerholl iwwerholl an dat bis Ufank 2011.
Mee dunn ass emol d’Aarbecht lass gaangen mir hunn déi deemools iwer 240 Memberen aus dem NGL erriwer an den NVGL geholl iwweregens de Members Beitrag war deemools 400 Frang fir e ganzt Joer ! Haut wären daat 10 €. An daat get mer Geleegenheet ze soen dass vun deemools un all eis Aktiv leit an delegéierten BENEVOL fir den NVGL geschaaft hun ! An daat huet sech bis haut nach net geännert.
Mir haaten all déi Joeren eng Betriebssektioun déi ganz vill Organiséiert huet et ware ganz vill Owender Fraizait déi do drop gangen ass. All deenen Kolleginen a Kollegen déi do all déi Joeren matgeschafft hunn e ganz grousse Merci.
Mir sinn dunn déi 1 kéier 1993 als NVGL – déi Neutral mat der Lëschte Nr 9 an Ausschusswale gangen an hunn dunn direkt 7 vun 15 Sëtz kritt.
Deemols huet de Schroeder Pir Lëscht ugefouert de Pir haat entretemps Plaz um AusschussBüro als Freigestaltenen Delegéierten vum Jost Charel iwwerholl de Charel war an seng wuelverdéngte Pensioun gangen.
1993 war et esou wäit mir sinn ënner NVGL “déi Neutral” an Ausschusswale gangen an hun 7 vun 15 Delegéiert kritt.
A weider 1998 ass et dunn an déi zweet Etapp gangen mat der Lëscht Nr. 5 an och do hu mir eis 7 Sëtz behalen an dobäi awer absolut Majoritéit geholl hunn wëll Zuel vun den Delegéierten vun 15 op 13 erof gange war, dëst wëll Zuel vun den Gemengenaarbechter erof gangen war.
2003 déi nächst walen Lëscht 11 am ganzen 14 Sëtz ze huelen an och hei hu mir d’absolut Majoritéit geholl 9 vun 14 Sëtz. E puer Joer dono esou 2005 ass et Intern bei eis am NVGL zu Streidereie komm an et hunn deemools e puer Delgéiert démissioneiert waat schued war, wou dorobs hinn Ersaatsdelegéiert no geréckelt sinn an et awer du weider gangen ass mam NVGL.
2008 do ass e grousse Changement komm op Landesniveau et ass den Statut unique komm daat heescht Aarbechter an Employée privé si SALARIE ginn doduerch ass gekuckt ginn wéi wann Employeeën eng Delegatioun gehaat hätten daat heescht si hätten 6 Delegéiert dee Moment gehaat d’aarbechter haaten 14 Sëtz zesummen also 20 Delegéiert mir sinn dunn an Walen och dës kéier ewéi all déi Wale vidrunn ënnert dem Schroeder Pierre gaangen mat 40 Kandidaten an hunn dunn 12 Sëtz vun 20 geholl e richteg gudde Score.
Et siff och gesoten dass e mir an der Delegatioun ganz oft de President Sekretär Vize President Chancegleichheetsvetrieder gestallt hunn. An déi leescht Delegatiounswalen vun do un wou mir ëmmer absolut Majoritéit kruten den Ausschusspresident an de Vize President stellen fir déi zwee Posten nëmmen ze neenen.
Den 01.08.2008 hu mir den Depot gemaach fir aus dem NVGL eng ASBL ze maachen.
2013 ass Equipp vum NVGL ënnert dem Bartemes Fernand an Ausschusswale gangen an huet dunn 9 vun 16 Sëtz geholl alt erëm d’absolut Majoritéit.,dee Posten vum Ausschuss President haat hien den 18.02.2011 offiziel vum Schroeder Pierre iwwerholl wéi deen an Pensioun gangen ass. Dee Moment ass de Reuland Romain fir e puer Joer erëm President vum NVGL ginn, an aktuell ass de Fränk De Angelis President.
Mee mir hunn als NVGL net nëmmen an der Delegatioun gutt geschaaft mee och Fräizait hu mir ganz vill organiséiert Fussball Tournoien wou iwregens de Schroeder pir d’Idi haat fir Gemengen Servicer géint enneen spillen ze loosen ënnert dem Numm Challenge Guy Marx de Guy war ee vun de Grënnungsmemberen. Dësen Challenge ass 3 x hannereen gewonne ginn vum Service Incendie et Ambulance dunn ass et 2009 de Challenge Camille Polfer a Coupe Guy Marx ginn:déi 1 Joeren e riesen Succes war, mee leider mat de Joeren ëmmer manner equippen matgemaach hunn an dofir nodeem wou den Service des parc den Challeng Camille Polfer 3x hannerenee gewonnen haat 2012 2013 an 2014 fir leescht hu mir domadder opgehalen.
En groussen Deel vun eisem Erléiss dee mir vun 2006-2014 era kruten bei eisem Fussballtournoie Challenge Guy Marx an duerno Challenge Camille Polfer hu mir gespent all Joer un verschiddeen Associatiounen. Daat war ëmmer eise Moto mir organiséieren, mir feieren a mir SPENDEN un déi wou net esou vill Chance haaten ewéi mir am Liewen. Ee ganz groust evenement haate mir als matOrganisator niewend der Europäescher Commissioun an der Gemeng letzebuergden 08. Mee 2010 um STADION mam Zinedin Zidane eng Européesch Equipp géint eng lëtzebuerger Equipp iwer 8000 Visiteuren e riese Spektakel e riese Succés an alles zu Gonschten vir d’Associatioun ELA.
E ganz grousse Merci soen fir all déi Joeren wou si zu eis stongen an nach ëmmer stinn.
Aktuel steet de Neutrale Verband esou gutt do ewéi nach ni, mir hunn bal no un 900 Memberen dovunner +- 140 Pensionären, an et kommen der bal all Woch dobäi!
Zum Schluss bleiwt nach ze soen dass ab dem 01. Januar 2019 den aktuellen Sekretär a fréieren NVGL President an aktuellen Ausschuss President BARTEMES Fernand an Pensioun geet.
Dofir elo schonn e waarmen Appel, gitt am Mäerz 2019 wielen, a wielt Nr.1 op der Gemeng Lëtzebuerg den NVGL, eng super motivéiert Equipp et ass immens wichteg, dir kënnt wärendt äerer Schaffzäit wiele goen. Zesumme si mer Staark!
Gëff och du Member vum NVGL déi eenzeg dreiwend Kraaft op der Gemeng Lëtzebuerg fir nëmmen 30,00 € Joer.